Nous vous invitons à nous laisser un message
dans notre livre d'or.

Wir laden Sie ein, etwas in unser Gästebuch zu schreiben.
Schreift eis w.e.g eppes an eist Gästebuch.

Eintrag Gästebuch   Zur&#252ck zu Visp 2013   Report abuse


private Nachricht zugefügt 27.07.2009


NameChristian Kohnen
Datum25.05.2009
Landclick picture for more information
NachrichtFiesch 2009 war eng ganz fott Koloni! Genau wéi déi Kéire virdrun, hate mir och dëst Joer rëm Chance mam Wieder. Als éischt soen ech eise Begleiterinnen nach eng Kéier villmools MERCI fir d’Ënnerstëtzung. Ouni iech, léift Susy, Carole, Conny, Linda a Carine wär esou eng Koloni net duerchzeféiren. Ech fannen, dass eist Fiesch 2009 - Team eng gutt Equipe war.
Ech soen och dem Jean-Paul MERCI fir déi gutt Zesummenaarbecht bei der Organisatioun an der Duerchféirung vun der Rees an dass hien eis esou gutt a sécher déi ganz Woch mat sengem Bus gefouert huet.
Da wëll ech och iech, léif Elteren, MERCI soen fir ärt Vertrauen an dass dir de Projet Fiesch 2009 sou gutt ënnerstëtzt hutt. Deen nächste MERCI geet un eis Gemeng fir déi finanziell Ënnerstëtzung.
Mäi leschte MERCI geet un iech, léif Schülerinnen a Schüler. Dir hutt iech déi ganz Woch gutt geschéckt. Och ënnerteneen hutt dir iech gutt verstanen. Mir haten eng gutt Ambiance am Grupp. Duerch déi vill flott Fotoen wäerte mir all nach laang un dës flott Woch zréckdenken.smilie
Ech wënschen iech all eng schéin en erhuelsam Päischtvakanz. smilie
Melden

NameSusy
Datum25.05.2009
NachrichtHallo alleguer!
All flott Erliefnis geet emol op eriwwer. Lo si mer erëm heiheem, mee ech mengen mir kënnen ais nach oft un dës flott Kolonie erënneren. smilie
D'Kanner, d'Wieder, d'Landschaft, de Chalet, d'Rosentirli-Team, de Kascht, d'Organisatioun asw. alles war tiptop. Mir huet et gutt gefall, ech hoffen iech och. D'Kanner an enger Vakanz ze erliewen, ass ëmmer eng nei Erfahrung. Muncher vun iech hu mech regelrecht iwwerrascht. Ech denken do z.B. un d'Nancy an d'Jessica bei der Mini-Playback-Show smilie .Do léiert een d'Leit vun enger ganz anerer Säit kennen. Ech freeë mech schonn drop iech no der Vakanz all erëm ze gesinn. Erhuelt iech gutt a schloft iech aus, esou datt dir déi lescht Wochen am 6. Schouljoer nach gutt iwwerstitt.
Melden

NameClaudia, Raphael, Serge
Datum24.05.2009
Landclick picture for more information
NachrichtMir wollten nach eng keier en groussen MERCI soen
fir dei schéin Vacanz. Dat wert eng lang an sché in erenerung fir eis all bleiwen smilie smilie
Melden

NameGuy Erpelding
Datum22.05.2009
Landclick picture for more information
NachrichtSalut, (nach eng Keier, virdrun wor daat mengen ech net gangen) smilie

Ee scheine Bonjour aus Bulgarien. Hei gesin ech och op Bierger mat Schnei.
Profiteiert nach bis muer a kommt all gesond a monter rem heem.

Ciao,
Guy smilie
Melden


private Nachricht zugefügt 22.05.2009



private Nachricht zugefügt 22.05.2009


NameSylvie
Datum22.05.2009
Landclick picture for more information
NachrichtMoien,wann der erem kommt dan mengt der dir wärt nach an der Sonn vun der Schweiz.Mee esou schéin Fotoen ewéi do könne mir hei net machen .Dir gesit all potzmonter aus.Eng italienesch Pizza schmacht menger Erfahrung no smilie villlllll besser wéi eis och wann déi net schlecht sin.Also nach ee schéinen Dag haut a muar an eng gud a roueg Nuecht dohannen.Tschüs bis muar smilie smilie smilie smilie smilie
Melden

NameNAU
Datum22.05.2009
Landclick picture for more information
NachrichtMoien dir Weltebummler, mir hoffen dir geneisst ären leschten daag, mee och wann dir traureg sidd dass dir well musst heemkommen: hei schengt sonn och iwer bierg an dall.

bis geschwenn

NAU'sis smilie smilie smilie
Garnich

PS: Sven sang net zevill falsch den owend!!smilie) (deng Tatta) smilie smilie smilie
Melden

NameOceane
Datum22.05.2009
Landclick picture for more information
NachrichtHalli Hallo,

Är FOTOEN sin super gin.
Wéi ech gesin, hut dir jo vill spass.
D'Woch geet wirklech seier eriwwer, mar kommt dir schon rem...


Hoffentlech huet et ierch gefall.
Dir kennt wirklech frou sin dass den H.Rollinger an den H.Kohnen iech matgehol hun, déi vakanz vergiesst dir warscheinlech nie. smilie smilie smilie smilie
Melden

Seite 5 von 8 < 2 3 4 5 6 7 8 >